bulli 2012_1
-
Upload
max-schmitz -
Category
Documents
-
view
399 -
download
15
description
Transcript of bulli 2012_1
Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois
bulli Fréijoer 2012
2 bulli Fréijoer 2012l
Impressum
Responsablen Editeur:Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL)4, bd Grande-Duchesse CharlotteL-1330 Luxembourgtél.: +352 45 13 54fax.: +352 45 09 32Internet: www.aneil.luEmail: [email protected]: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000
Redakteren:Pol Nathan Sophie Hellinghausen Venant Pirrotte
Chefredakteren:Pol Dax
Layout:Max Schmitz
Cover Foto:CRP Henri Tudor © Bohumil KOSTOHRYZ www.boshua.com
Drock:Imprimerie Centrale
De Bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 300 Exemplären.
D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’ Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur.
De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.
Iwwersiicht
Virwuert 3Comité 2012 5Den neie Comité stellt sech vir 6Visite Baustell Europaschoul Mamer 13Assemblée générale 16Visite vum Centre de Tri 18Déi méi lëschteg Säit 23
bulli Fréijoer 2012 3l
Léif Memberen, säit Januar ass eisen neie Comité - deen hei och kuerz virgestallt gëtt - aktiv an huet schonn eng Rei Saachen organiséiert. Ënner anerem blécke mer an dëser éischter Ausgab vum bulli zeréck op eis Visite am Februar vum Centre de Tri vun der Poste awer och nach op déi lescht Visite vum vergaangene Joer, déi vum Chantier vun der Europaschoul II zu Mamer. Och ware mer schonn op 6 Studieninformatiounen an diverse Lycéeë present an hunn de Schüler eise Studium an zukënftege Beruff méi schmackhaft gemaach. Zudeem hu mer eis a verschiddenen Entrevuë mat aneren Associatioune fir eis Interessen agesat. Méi Informatiounen doriwwer an der nächster Ausgab.
Ukënnege kann ech awer schonn eis nächst Visite (moies), eis Table Ronde (nomëttes) souwéi och eise Fräibéier (owes), allen 3 op Karfreideg, dem
Virwuert
Virwuert
6. Abrëll. D‘ Table Ronde ass eent vun deene wichtegsten Evenementer an eisem Kalenner an eent wat sech kee soll entgoe loossen. Dir kënnt hei a relaxer Atmosphär - bei engem Apero inkl. deem engen oder aneren Humpen - Kontakt mat enger Auswahl u Firmen ophuelen an iech iwwer Stage- an Aarbechtsplazen informéieren, dat ganzt an eisem neie Sëtz, dem Forum DaVinci.
Ech hoffen dir freet iech wéi mir op dëst neit Joer an deem mer nach mat där enger oder anerer Iwwerraschung wäerten opwaarden.
Max
Votre futur au sein d’un groupe d’avenir.
Energy in motion
Propriétaire et gestionnaire de réseaux d’électricité et de gaz naturel au Luxembourg, Creos Luxembourg S.A est forte aujourd’hui de plus de 700 hommes et femmes.
Sans cesse en quête de nouvelles compétences, nous offrons des opportunités de carrière intéressantes à des ingénieurs, ingénieurs-techniciens et industriels ou bachelors professionnels en électrotechnique, mécanique ou génie civil.
En tant qu’étudiant(e), vous avez la possibilité de faire un stage en entreprise et/ou de réaliser votre travail de fin d’études dans l’un de nos services.
Envie de nous rejoindre? creos.net
bulli Fréijoer 2012 5l
Zürich Maschinenbau
+352 691 676615 +41 79 59 55 281
Comité 2012
Comité 2012
Oochen Bauingenieur
+352 691 567 019 +49 176 22 99 72 90
Oochen Bauingenieur
+352 621 389 027 +49 178 88 53 448
Braunschweig Luft- und Raumfahrttechnik
+352 691 720 337 +49 176 80 29 23 27
Karlsruhe Maschinenbau
+352 691 915 070 +49 151 29 11 08 94
Kaiserslautern Maschinnebau mat BWL
+352 691 672 102 +49 176 96 13 70 76
Oochen Maschinnebau
+352 661 672 650 +49 162 14 95 563
Zürich Maschinnebau
+352 661 474 328 +41 76 54 03 833
Oochen Informatik
+352 621 483 134 +49 178 89 29 370
Max SchmitzPrésident
Luc Frantzen Vice-Président
Sophie Hellinghausen Secrétaire
Yves RothResponsable Studieninfo
Venant Pirrotte Responsable Visites a Rees
Pol Dax Responsable Publications
Jules Petit Responsable Partenaires
Yves Duhr Webmaster
Samir Maudarbocus Trésorier
Votre futur au sein d’un groupe d’avenir.
Energy in motion
Propriétaire et gestionnaire de réseaux d’électricité et de gaz naturel au Luxembourg, Creos Luxembourg S.A est forte aujourd’hui de plus de 700 hommes et femmes.
Sans cesse en quête de nouvelles compétences, nous offrons des opportunités de carrière intéressantes à des ingénieurs, ingénieurs-techniciens et industriels ou bachelors professionnels en électrotechnique, mécanique ou génie civil.
En tant qu’étudiant(e), vous avez la possibilité de faire un stage en entreprise et/ou de réaliser votre travail de fin d’études dans l’un de nos services.
Envie de nous rejoindre? creos.net
6 bulli Fréijoer 2012l
Den neie Comité stellt sech vir
Max Schmitz
Film Pulp Fiction, 300, The Dark Knight, The Godfather
Buch American Psycho, Watchmen
Musek Bob Dylan, Rolling Stones, The Doors, Lou Reed
Iessen Italienesch, Chinesesch, Spuenesch a villes méi
Veräin Swimming Luxembourg, ANEIL, LSZ
Serien Californication, The Big Bang Theory, Breaking Bad, Dexter
Sport selwer: Schwammen, Schi fueren. kucken: alles
Beier Battin, Rheintaler Maisbier, Simon Pils
Vakanz Canada, Ios, New York, Californien, Piemont
Gebuertsdatum 24.08.1988 Uertschaft Lëtzebuerg Charge Président Uni-Stad Zürech
Studium Maschinnebau Verdeiwung erneierbar Energien Studienufank 2007 Studienenn 2013
Musek alles wat de Jules lauschtert
Veräin nö
Serien schlecht Serie kucken ech net
Beier Turbinenbräu am Stuz
Vakanz eng schlecht Vakanz ass nach ëmmer besser wéi guer
keng
Like Don’t Like
Wisou ANEIL? Et ass wichteg de Schüler Informatiounen aus éischter Hand iwwer de Studium kënnen ze
ginn, geneesou wéi d’ Studenten der Aarbechtswelt méi no ze bréngen. Dëse Prozess ze probéieren ze
verbessere mécht mer ëmmer nach grousse Spaass.
Luc Frantzen
Film Departed, Lord of War, Body of Lies, Black Swan, The Dark
Knight, A Dangerous Method
Musek Metallica, Audioslave, Mando Diao, Pink Floyd, Clapton
Iessen Hamburger, Carpaccio, Pizza
Veräin Scouten, ANEIL, AVL
Serien Two and a half Men, How I met your Mother, Scrubs, Big
Bang Theory, The Simpsons
Sport Beachvolley
Beier Diekirch, Corona
Vakanz New York, London, Lissabon
Gebuertsdatum 14.01.1986 Uertschaft Beetebuerg Charge Vice-Président Uni-Stad Oochen
Studium Bauingenieur Verdeiwung konstruktiven Ingenieurbau Studienufank 2005 Studienenn 2012
Film Mission Impossible 4, The Ides of March
Musek HipHop
Iessen Fësch an alles wat soss nach sou am Wasser liewt…
Serien All die irgenteen „Sucht den Superstar“-Sendungen
Sport Fussball
Beier König Pilsener, Bitburger
Vakanz Barcelona
Like Don’t Like
Wisou ANEIL? Well ech et wichteg fannen den Schüler den Studium vum Ingénieur méi no ze bréngen an
iwwert déi verschidden Beruffsfelder ze informéieren vir dem Mangel un Ingénieuren kennen entgéint ze
wierken. An natierlech och vir mat aneren Studenten an Kontakt ze kommen an kennen zesummen op flott
Visiten ze goen.
Den neie Comité stellt sech vir
bulli Fréijoer 2012 7lDen neie Comité stellt sech vir
Sophie Hellinghausen
Film Requiem for a Dream, American Beauty
Buch La nuit des temps (Barjavel)
Musek Rock, Pop, House, Electro
Iessen Viirun allem Thailännesch, Indesch
Veräin AVL, ANEIL
Serien Friends, Sex and the City, Two and a half Men
Sport Badminton, Tennis
Beier Kriek
Vakanz Asien
Gebuertsdatum 01.07.1988 Uertschaft Bäreldeng Charge Sekretärin Uni-Stad Oochen
Studium Bauingenieur Verdeiwung Konstruktiven Ingenieurbau Studienufank 2009 Studienenn 2014
Film Dirty dancing
Buch Effi Briest (Fontane)
Musek Heavy Metal
Serien Gossip Girl
Beier Mousel
Vakanz Belsch Plage
Like Don’t Like
Wisou ANEIL? Ech fannen et wichteg, den Schüler den Ingenieursberuff méi no ze bréngen an den
Studenten d’ Méiglechkeet ze bidden hier éischt Kontakter mat der Industrie ze kréien. Ech sinn frou
kennen dozou bäizedroen, dass d’ Ingenieursstudenten d’ Geleeënheet kréien sech op eisen Visiten an der
Table Ronde ënnereneen an mat den Firmen auszetauschen.
Samir Maudarbocus
Film Guy Ritchie, Tarantino, Sam Mendes, Spielberg, George Lucas
Buch Tolkien, Becket, Camus, Larsson, Mankell, Doyle, George
Martin...
Musek Counting Crows, Daft Punk, Dub Pistols, The Glitch Mob,
Pink Floyd
Iessen Indesch, Asiatesch, Italienesch, Burger
Veräin Theatergruppe TU Braunschweig
Serien Dexter, Breaking Bad, Cowboy Bebop
Beier Diekirch, Guinness, Rothaus
Vakanz Haaptsach eppes neies entdecken
Gebuertsdatum 20.09.1986 Uertschaft Bartreng Charge Trésorier Uni-Stad Braunschweig
Studium Maschinnebau Verdeiwung Luft- und Raumfahrttechnik Studienufank 2007 Studienenn 2014
Film Splatter & Gore, Bollywood
Buch Vierliesungsskript an der Klausurphase
Musek Country an Gabber
Iessen Sardinnen, Kapern
Serien Vampiren asw
Beier Öttinger
Like Don’t Like
Wisou ANEIL? Well ech op der enger Hand den Schüler den breeden Spektrum vum Ingenieursstudium
nobréngen wëll an op der Aanerer den Studenten Stage- an Berufsperspektiven duerch den Kontakt mat
den Ingénieursfirmen an Lëtzebuerg erméiglechen wëll. Duerch d’ ANEIL ass et eis nämlech méiglech
schonn als Student een zolidd Ingenieursnetzwierk opzebauen!
Sauvegarder l’existant. Préserver l’avenir.
a+p kieffer omnitec assure la construction et la maintenance d’équipements techniques et
énergétiques pour les bâtiments du secteur tertiaire et de l’industrie. Son savoir-faire s’étend
à l’ensemble des métiers du bâtiment. Le bien-être et la sécurité des publics fait l’objet de
toute l’attention de notre entreprise. C’est pourquoi a+p kieffer omnitec propose des solutions
respectueuses de l’environnement avec notamment une exploitation énergétique optimale des
installations.
Cogénération et chauffage urbain • Traitement des eaux • Réfrigération • Vapeur • Détection et extinction d’incendie • SanitaireChauffage • Climatisation • Electricité basse tension et courants faibles • Automatisation, régulation et surveillance
7-9 rue Guillaume Kroll - Cloche d’Or • L-1882 Luxembourg • Tél. : 47 48 48-1 • www.apko.lu
046-12-APKIEFFER-CAMPAGNE-ENV_p1.indd 3 20/02/12 6:51:30
bulli Fréijoer 2012 9lbulli Fréijoer 2012 9lbulli Fréijoer 2012 9l
Sauvegarder l’existant. Préserver l’avenir.
a+p kieffer omnitec assure la construction et la maintenance d’équipements techniques et
énergétiques pour les bâtiments du secteur tertiaire et de l’industrie. Son savoir-faire s’étend
à l’ensemble des métiers du bâtiment. Le bien-être et la sécurité des publics fait l’objet de
toute l’attention de notre entreprise. C’est pourquoi a+p kieffer omnitec propose des solutions
respectueuses de l’environnement avec notamment une exploitation énergétique optimale des
installations.
Cogénération et chauffage urbain • Traitement des eaux • Réfrigération • Vapeur • Détection et extinction d’incendie • SanitaireChauffage • Climatisation • Electricité basse tension et courants faibles • Automatisation, régulation et surveillance
7-9 rue Guillaume Kroll - Cloche d’Or • L-1882 Luxembourg • Tél. : 47 48 48-1 • www.apko.lu
046-12-APKIEFFER-CAMPAGNE-ENV_p1.indd 3 20/02/12 6:51:30
Venant Pirrotte
Film American Psycho, Godfather, Mechanist, The Artist, ...
Buch L‘ étranger, vill vum Bret Easton Ellis
Musek Quasi alles (Fokus: Electro, Dubstep, Rock, Jazz, ...)
Iessen Steakhouse, Italienesch, Asiatesch...ech sinn e Gourmet
Veräin Comité vun Aktienfieber; LSK, AIESEC an STHesperange
Serien Sopranos, Breaking Bad, Californication, HIMYM, Dexter,
a vill méi...
Sport Motorsport, Joggen, Kraafttraining, Schéissen, Golf
Beier Quasi alles...
Vakanz Bal alles (City, Beach, Party, Kultur, Luxus etc...)
Gebuertsdatum 19.04.1988 Uertschaft Krautem Charge Resp. Visite a Rees Uni-Stad Kaiserslautern
Studium Maschinnebau mat BWL Verdeiwung Virtual Product Engineering, Product Lifecyle Management, ERP a CRM Studienufank/-enn 2007/2014
Film Horrorfilmer a schlecht Produktiounen
Musek Volksmusik, onmusikalesches an ze kommerzielle Pop
Iessen Innereien a Lactose (verdammten Intoleranz...)
Serien Sex and the City
Sport Ech si generell eng Päif am Ballsport
Beier ...ausser Musel an anert Gesabbels
Vakanz Ech muss lo net onbedéngt op de Mt Everest.
Like Don’t Like
Wisou ANEIL? Well et menger Meenung no déi bescht Méiglechkeet ass, mat mengem Wëssen a menger
Zäit Schüler a Studenten ze hëllefen an den Ingenieursberuff ze representéieren an ze promovéieren.
Den neie Comité stellt sech vir
Yves Roth
Film Hangover
Buch Halo
Musek Dance Trance House
Iessen Sushi, Wok
Veräin AELK, ACEL
Serien Mentalist, NCIS, BigBangTheory
Sport Motorsport
Vakanz Orient
Gebuertsdatum 04.02.1987 Uertschaft Rolleng Charge Resp. Studieninfo Uni-Stad Karlsruhe
Studium Maschinnebau Verdeiwung Produktentwicklung & Konstruktioun Studienufank 2006 Studienenn 2014
Like Don’t Like
Wisou ANEIL? Well ech et wichteg fannen dass Schüler a Studente iwwer den Ingenieur‘s Job informéiert
an dovunner begeeschtert ginn. Like a Boss.
Film Shame
Buch Mathebicher
Musek Pop
Serien Housewives Dingsdas
Sport Sport ist Mord
Beier Mousel
Vakanz Schrebergartenferien
10 bulli Fréijoer 2012l Den neie Comité stellt sech vir
Pol Dax
Film The Simpsons : The Movie, Snatch
Buch Brave New World, Der Schwarm
Musek Heavy Metal an Hard Rock
Iessen Am leiwsten kachen ech selwer, vir den Recht sou zimlech
alles
Veräin AVL, Oochener Männerchouer
Serien Black Books, Better off Ted
Sport Velofueren, Klammen/Boulderen
Beier Diekirch, Aventinius
Gebuertsdatum 13.03.1986 Uertschaft Brouch Charge Resp. Publication Uni-Stad Oochen
Studium Maschinnebau Verdeiwung Fertigungstechnik Studienufank 2005 Studienenn 2013
Film Klicheebehaftet Hollywood-Schnulzen
Buch Enduring Love
Musek Musek vun deenen Möchtegern Superstars
Iessen D‘ Iessen an der Mensa
Serien Casting Shows, Dexter
Sport Reiden, Äiskonschtlaaf
Beier Mousel, Bofferdeng
Like Don’t Like
Wisou ANEIL? Ech fannen et wichteg dass d‘ Schüler richteg doriwwer informéiert ginn, wat en Ingenieur ass
an wat en mécht, an wei an wou een dat kann studéieren. Ausserdem mécht et mir Spaass gläichgesënnte
Leit ze treffen an mat hinnen zesummenzeschaffen.
Jules Petit
Film Lars and the real girl
Buch Andorra
Musek RJD2
Iessen alles
Veräin ANEIL , Les Aigles, LSZ
Serien Esoulaang et keng Aufgabenserie ass…
Sport Laafen, Schwammen, Kitesurf
Beier Muss et emmer Beier sinn?!
Vakanz Mat Kollegen chillen
Gebuertsdatum 28.11.1987 Uertschaft Lëtzebuerg Charge Resp. Partenariat Uni-Stad Zürech
Studium Maschinnebau Verdeiwung Energie an erneierbar Energien Studienufank 2007 Studienenn 2012
Buch The Curious Incident of the Dog in the Night-Time
Musek Nach emmer den Justin
Iessen neischt
Veräin Jickeveräiner
Beier Guinness
Vakanz Pauschalturismus
Like Don’t Like
Wisou ANEIL? Ech well den futur Studenten déi interessant Beruffswelt vum Ingenieur méi no bréngen. En
plus schéngt et mir wichteg den futur Ingenieuren eng Austauschplattform mat der Industrie ze bidden.
bulli Fréijoer 2012 11lDen neie Comité stellt sech vir
Yves Duhr
Film Godfather, The good, the bad and the ugly
Buch Biographien
Musek Alles \ {Don‘t Like}
Iessen Nudelen, Thai, Fleesch
Veräin Alemannia Aachen, F.C. Barcelona, VfB Stuttgart (just fir un
Kaarten geint gut Veräiner ze kommen), ATK Suebia, ANEIL, AVL
Serien How I met your Mother, Big Bang Theory, 30 Rock, The
Office
Beier Diekirch, Simon
Vakanz Ronderem d‘Welt
Gebuertsdatum 07.08.1986 Uertschaft Mäerzeg Charge Webmaster Uni-Stad Stuttgart
Studium Informatik (Doktorat) Verdeiwung Automotive Software Studienufank 2005 Studienenn 2014
Film Benjamin Button, Avatar
Buch Keng Zäit ze hun fir ze liesen
Musek Death-Metal, Hardcore Techno, Rave
Iessen Uebstzalot
Beier Mousel
Like Don’t Like
Wisou ANEIL? Fraequote bréngen nëmmen eppes wann och genuch Fraen do sinn. Et ass also immens
wichteg d’ Schülerinne fir den Ingenieursberuf ze begeeschteren. Ausserdeem mécht et no all deene Joer
nach ëmmer nach Spaass an et mierkt een dat een nach ëmmer Saache besser maache kann.
—
BÂTIR ENSEMBLEL’AVENIREN CONFIANCE—
—En phase avec les évolutions du métier (nouvelles exigences environnementales et énergétiques, nouvelle technologies,nouvelles normes de qualité), CDC se donne des ailes et devient CDCL.Un nouvel élan qui confirme son leadership dans le secteurde la construction dans la Grande Région.
AP_MASTER 210X297.indd 1 19/12/11 17:13
bulli Fréijoer 2012 13lVisite an der Europaschoul zu Mamer
Visite an der Europaschoul zu Mamer
Déi lescht Visite am Joer 2011 vun der ANEIL huet de 27. Dezember um Chantier vun der neier Europaschoul zu Mamer stattfonnt. Hei goufe mir vum Architekt, dem Herr Michel Petit, a sengem Mataarbechter dem Herr Boehler begréisst déi eis déi néideg Detailer iwwert de Projet ginn hunn, souwéi eis sécher iwwert de Chantier gefouert hunn.Fir en Iwwerbléck iwwert dee risege Chantier zu Mamer ze kréien huet den Herr Petit eis fir d’ éischt emol d‘ Funktioun souwéi den Historique vum Projet erkläert. Haaptgrond fir d’ Konstruktioun vun enger neier Europaschoul ass fir ze evitéieren datt sech um ale Site um Kierchbierg eng etwa 6000 Schüler regroupéieren an domat fir infrastrukturell Problemer suergen.Bei der neier Europaschoul zu Mamer handelt et sech net nëmmen ëm de Bau vun engem neie Gebai mee ëm d’ Konstruktioun vun engem neie Campus deen sech aus insgesamt 6 Gebailechkeeten zesummesetzt a spéiderhin ongeféier 3.000 Schüler platz ka bidden. Matt enger Baufläch vu 86.670 m2 an engem
Investitiounsvolume vu ronn 237.000.000 EUR gehéiert de Projet zu Mamer zu engem vun deene gréisste Bauprojeten déi zur Zäit zu Lëtzebuerg realiséiert ginn.Zu de Gebailechkeete vun der neier Europaschoul gehéiert ënnert anerem eng Garderie an eng Crèche, eng Spillschoul, eng Primaireschoul, ee Lycée, eng Sportshal, souwéi een synergesch genotztent Gebai dat Funktioune vun enger Kantinne, Festsall an der Administratioun iwwerhëlt.Fir de gesamte Campus esou energieeffizient wei nëmme méiglech kennen ze bedreiwe gouf sech un dem sougenannte Basler Konzept bedéngt. Ziel vun dësem ass niewent der Reduzéierung vun dem engergeteschen Opwand, dem Notzer vum Gebai spéiderhin eng optimal Behaglechkeet kennen ze bidden. Zu de Moosnamen vun dësem Konzept gehéieren ënnert anerem eng optimal gedämmte Facade, eng natierlech Belëftung, d‘ Konstruktioun vu vill Speichermass souwéi déi optimal Ausnotzung vum natierleche Liicht.Een anert wichtegt Element vum Basler Konzept ass déi ganz Energieversuergung. An dësem Kontext krute mir d‘ Geleeënheet den zentralen Heizungsraum vum neie Campus ze besiichtegen. Hei konnte mir een bivalent Heizungssystem bewonneren woubäi d‘ Wärmeversuergung duerch eng Gas- an Holzpelletheizung sechergestallt gëtt. Besonneg ze erwähnen ass hei bei datt ongeféier 75 % vum gesamten Heizwärmebedarf vum Campus duerch d’ Verbrennung vun Holzpellets also enger regenerativer Energiequell erfollegt. Impressionant war et och ze gesinn wat fir en Opwand bedriwwe muss ginn fir dëst Heizungssystem um lafen ze halen. Sou muss beispillsweis en speziellt Tëschelager fir d‘ Holzpellets mat engem Reservoir fir 2 Wochen an engem Versuergungsband gebaut ginn.Niewent dem innovativen Energiekonzept bleift och nach dat speziellt Architekturkonzept ze ernimmen dat zu Mamer realiséiert ginn ass. Bei
14 bulli Fréijoer 2012l
der Implantatioun hunn d’ Architekten nämlech probéiert déi nei Gebailechkeete vun der Europaschoul esou gutt ewéi méiglech un de Site (deen an engem Hang leit) unzepassen an net als Friemkierper an der Landschaft wierken ze loossen. En weidert wichtegt Element vum Projet zu Mamer spillt de Siichtbeton an déi héich Ufuerderungen déi un dëse gestallt gi sinn. Hei wousst den Herr
Petit eng oder déi aner Anekdot ze erzielen déi him während der Exekutioun vum Réibau ze schafe gemaach hunn. Een Thema wat an dësem Bezuch méi genau erkläert ginn ass, ass déi héich Unzuel un Intervenanten déi fir vill Schnettstellenprobleemer an der Hirstellung vum Sichtbeton gesuergt huet. Sou huet missten déi gesamt « Supply Chain » vum Zement Hiersteller iwwert de Schalungs Hiersteller bis hin zur ausfeiernder Entreprise coordinéiert ginn fir datt d’ Endprodukt den Ufuerderunge vum Architekt gerecht gëtt.Deen een oder aneren ungehenden Maschinenbauer an Elektrotechniker wou bei dëser Visite dobäi war hunn dës Problemer vun der Unikatsproduktioun am Bausektor an d’ staune versat an huet fir interessant Diskussiounsmaterial op der uschléissender AG vun der ANEIL gesuergt. Dem Herr Petit an dem Herr Boehler soe mir jiddwerfalls villmools Merci datt si sech Zäit geholl hunn fir eis an hirer Fräizäit den Chantier vun der neier Europaschoul ze weisen an hier Erfahrunge mat eis ze deelen.
Auteur : Pol Nathan
Visite an der Europaschoul zu Mamer
Et vous, qu’avez-vous fait ces 5 dernières années ?
[Construire son avenir]
Construisez votre avenir dans l’univers passionnant des médias avec Broadcasting Center Europe (BCE).
BCE est un acteur incontournable du paysage européen dans les secteurs de la télévision, radio, télécom et informatique. Nous vous proposons une multitude de postes dans des branches toutes plus passionnantes les unes que les autres, telles que l’ingénierie et le conseil dans l’installation d’infrastructure télévisé, la production et la postproduction de films et publicités, la numérisation de contenus audiovisuels, la diffusion de TV et radio, le streaming audio et vidéo, la configuration de réseaux, etc.
Vivez une expérience riche avec de nombreuses possibilités de carri-ère dans un secteur en constante évolution.
Bienvenue chez BCE.
45 BD Pierre FriedenL-1543 Luxembourg
Tel:Fax:
E-mail: [email protected]
(+352) 24 80 6605(+352) 24 80 6609
www.bce.lu
Et vous, qu’avez-vous fait ces 5 dernières années ?
16 bulli Fréijoer 2012l Assemblée générale
Assemblée générale
De 27. Dezember 2011 wor et erëm sou weit: d´ANEIL huet sech an der Staat getraff vir hier alljährlech Assemblée General ofzehalen.Rendezvous war dëst Joer am Forum da Vinci, deem neien Domizil vun der ALIAI, OAI, ALI an Tema.lu. An dësem flotte Kader huet de Max Schmitz mam mot du President d´AG offiziell eröffnet. Nodeems d´Leit begréisst goufen, huet de Pol Dax d´Aktivitéiten vum Joer 2011 revue passéiert. Nieft interessanten Visiten (SIDOR, CFL Cargo, Brasserie Nationale Bofferding, Kläranlag zu Miersch, Goodyear, Chantier Europaschoul) huet d´ANEIL och dëst Joer de Schüler an Studenten den Ingenieursberuff op den Schülerinfoen, der Foire de l`Etudiant an der Table Ronde méi no bruecht. D´ANEIL huet och erëm eng Rees organiséiert, an zwar goung et am September puer Deeg an d´Schwäiz.Ofgeschloss gouf d´AG mam finanzielle Rapport vum Jean-Luc Rippinger. Nodeems d´Keesenréviseuren him hiren Accord ausgeschwat hunn, ass dem ganzen Comité décharge ginn. D´ Memberen déi sech wollte fir den neien Comité opstellen haten elo d´Geleeënheet sech virzestellen. Insgesamt 6 Leit aus dem alen Comité iwwerhuelen eng weider „Amtszäit“. Dorënner ass
de Max Schmitz, Luc Frantzen, Yves Roth, Yves Duhr, Jules Petit an Pol Dax. Nei dobäi sinn den Samir Maudarbocus, den Venant Pirrotte an d´Sophie Hellinghausen. Net méi dobäi sinn de Jean-Luc Rippinger, den Pit Schmit souwéi den Pit Demuth. Hinnen nach eng Kéier en decke Merci vir hiert Engagement an Arabescht déi si am Joer 2011 vir d´ANEIL geleescht hunn.Den neien Comité konnt ouni Vote vun de Memberen approuvéiert ginn an d´Chargen sinn wei follegt festgeluecht ginn: Max Schmitz: President; Luc Frantzen: Vice-President; Sophie Hellinghausen: Sekretärin; Samir Maudarbocus: Tresorier; Venant Pirrotte: Responsable Visites a Rees; Yves Roth: Responsable Studieninfo; Jules Petit: Responsable Partenaires & Table Ronde; Pol Dax: Responsable Publications; Yves Duhr: Gestion des fichiers & Site Internet. Zum Schluss goufen nach 2 Keesenréviseuren designéiert: den Pit Demuth an Danièle Mousel.No dësem offiziellen Deel, gouf den Memberen en Patt offréiert. Sou konnten si sech an enger flotter Ambiance ënnereneen austauschen an dësen Owend gemittlech auskléngen loossen. Vill al Frënn goufen erëm gesinn an nei Bekanntschafte konnte geschloss ginn. Donieft goufe Memberskaarten vir d Joer 2012 verkaf.
Autorin : Hellinghausen Sophie
Table Ronde 2012Freides de 6. Abrëll um 14h30 Auer am Forum DaVinci
Déi alljähreg Table Ronde bidd all iech Memberen d’Geleeënheet fir ausgewielte lëtzebuerger Firme besser kennen ze léieren. Nodeem all Firma sech kuerz virgestallt huet besteet dono beim Apéritif d’Méiglechkeet a relaxer Athmosphère mat de Firmevertrieder an d’Gespréich ze kommen a sech z.Bsp. iwwer Stage- an Aarbechtsplazen z’informéieren. Dës Geleenheet sollt der iech net entgoe loossen.
De Programm vum Nomëtteg gesäit folgendermoossen aus:14h30 Rendez-vous14h50 Presentatiounen16h00 Receptioun
Mellt iech w.e.g. beim Jules ([email protected]) oder iwwer eise Facebook Event un.
18 bulli Fréijoer 2012l
Visite am Centre de Tri zu Beetebuerg
Visite am Centre de Tri vun der Poste zu Beetebuerg
Et wor Freides den 10 Februar wei d‘ ANEIL hier éischt Visite fir 2012 hat. Et wor déi éischt Visite déi ech (de Venant) organiséiert hunn, ech hat de Poste vum Demuths Pit iwwerholl, deen seng Saach ëmmer gutt gemaach huet. Meng Iddi war fir mat eise Memberen den Tri vun der Post zu Beetebuerg kucken ze goen.Sou hu mer eis dann um 17 Auer an der ZA Krakelshaff getraff, wou eis den Här Schmol emfaangen huet. D’ Visite war ëm déi Auerzäit, well dann de Site vun der Post sou richteg zum Liewen erwächt.Als éischt krute mer e Video iwwert de Bau an de Montage vum Tri gewisen. Modern an top-notch Maschinnen am Wäert vun 20 Milliounen Euro stinn hei an engem Gebai vun 10 Milliounen Euro. Déi Maschinnen, déi et erméiglechen, an enger Nuecht de gesamte Courrier vu Lëtzebuerg ze zortéieren, si gréisstendeels vun der Firma Siemens. D‘ modular Bauweis suergt hei dofir, dass nieft dem logistesche Problem (iergendwéi muss dat ganzt jo an d’ Hal passen) och d’ Ufuerderunge vun der lëtzebuergescher Post beschtens versuergt ginn. Sou ass déi Anlag wei se do steet op der
Welt eenzegaarteg an erméiglecht et der Post, hier Aarbecht op engem héijen Niveau a punkto Pénktlechkeet a Genauegkeet ze erleedegen.De Mond gutt wässereg gemaach goufe mer dunn an d’ Hal gefouert. Alleng vum optesche waren déi grouss Maschinne beandrockend, déi richteg Show koum dunn awer nach wéi den Här Schmol eis mat vill Gedold a Begeeschterung all déi eenzel Schrëtter gewisen an erkläert huet. D‘ Geschwindegkeet vum Lieskapp fir d’ Adressen, d’ Apparatur fir d‘ Repositionéierung vun de Bréiwer oder d’ Präzisioun vum Héichgeschwindegkeetsdrucker fir de Code Bar (déi orange Strécher op äre Bréiwer) si nëmmen e puer Beispiller, wou d’ Siemens Anlag hier Muskele spille léisst an eis och sichtlech beandrockt huet.Well net jidderee propper a lieserlech schreift (sidd frou dass der dee Rapport hei net handschrëftlech vu mir kritt), gëtt et och nach ëmmer Mataarbechter, déi d’ Adresse manuell aginn. Déi Prozedur, déi mat enger erstaunlecher Vitesse vun de Leit vun der Post ausgeféiert gëtt, fügt sech dono an de gesamt Prozess an, sou dass déi Bréiwer och mat engem Code Bar versi ginn an
Soirée Ingenieur 2012Freides de 6. Abrëll um 21 Auer am Scott’s Pub
Wéi all Joer gëtt de Karfreideg, no enger ustrengender Visite moies an der Table Ronde mëttes, owes ofgeronnd mat engem Fräibéier fir all eis Memberen.
Dëst Joer fënnt dat ganzt erëm am Scott’s Pub am Gronn statt. Lass geet et um 21 Auer an et dauert bis de Scotts eis um 1 Auer virun d’Dier geheit. Sidd also zur Zäit do.
Soirée Ingenieur 2012Freides de 6. Abrëll um 21 Auer am Scott’s Pub
Wéi all Joer gëtt de Karfreideg, no enger ustrengender Visite moies an der Table Ronde mëttes, owes ofgeronnd mat engem Fräibéier fir all eis Memberen.
Dëst Joer fënnt dat ganzt erëm am Scott’s Pub am Gronn statt. Lass geet et um 21 Auer an et dauert bis de Scotts eis um 1 Auer virun d’Dier geheit. Sidd also zur Zäit do.
20 bulli Fréijoer 2012l
dann de Rescht vun hirer Rees mam Rescht Courrier untrieden.Déi Rees ass beandrockend, wann ee bedenkt wéi vill Wee sou e Bréif zeréck leet.Do kënnt natierlech de nationale Courrier. De Centre de Tri zu Beetebuerg ass deen eenzegen zu Lëtzebuerg, sou dass all Bréif, deen zu Lëtzebuerg an enger Bréifkëscht ukënnt, Statioun iwwert Beetebuerg gemaach huet. Op d’ Fro, firwat de Centre de Tri dann net méi zentral am Land gebaut gouf, krute mer erkläert, dass de Centre zimlech genau zentral läit, an zwar aus enger postaler Siicht. Den Opkommes vu Courrier ass nämlech am Süde verständlecherweis méi héich, wei am Norden. D’ Post fänkt all Dag um 17 Auer un ze zortéieren an ass Moies géint 5 fäerdeg. Fir dass d’ Bréiwer awer innerhalb vun engem Dag ukommen, wat béi engem ganz groussen Deel vun der Post de Fall ass, ginn z.B d’ Bréiwer fir de Norde prioritär geuerdnet, sou dass de Camion schonn éischter rop an d’ Éislek fuere kann.D’ zortéiere beschränkt sech net nëmmen op Uertschaft oder Strooss, all Bréifdréier ka seng eege Route festleeën, also vun Haus zu Haus genau wei ee Wee e goe well oder kann, de System suergt dofir, dass seng Bréiwer am richtegen Uerder kommen.D’ international Post dierf natierlech och net ze
kuerz kommen. Interessant ass do, wéi d’ Post dat logistesch geléist huet. D’ Post fir an Däitschland z.B geet automatesch op Frankfurt wou se weider verdeelt gëtt, genau wei d’ Air Priority Post op de Flughafen zu Frankfurt (FRA) kommen. E weidert Beispill, ass eng Camionsroute déi all Dag vun Holland aus an Italien fiert, an rëm zeréck. Do tëschent bleift deen zu Lëtzebuerg stoen, luet Post aus an hellt neie Courrier mat.E grousse Client, mat deem d’ lëtzebuergesch Post zesumme schafft, ass Amazon. Hier Päck gi scho mat Code Bar ageliwwert a musse schnellstens verschafft ginn, well Amazon en héije Standard erwaart, deen eis Post awer liwwere kann.No dësem Abléck bei der Post wäerte mer vläit en anere Bléck fir déi beandrockend Aarbecht hunn, och wa mer eis net ëmmer freeë wa mol eng Kéier nëmme Rechnungen ukommen. Op alle Fall well ech och op dësem Wee nach eng Kéier dem Här Schmol Merci soe fir des flott Visite a fir seng Begeeschterung. Ausserdeem soen ech de Membere Merci, déi deen Owend mat eis verbruecht hunn an ech hoffen, dass och déi nächst Visite sou flott ginn.
Auteur : Venant Pirrotte
Visite am Centre de Tri vun der Poste zu Beetebuerg
Visite bei ArcelorMittalFreides den 9. Juni um 15 Auer um Site Belval
Mat enger jäerlecher Produktiounskapazitéit vun 100 Milliounen Tonnen an 260’000 Mataarbechter a 60 Länner ass ArcelorMittal dee Weltgréisste Stolproduzent. Eis Visite féiert eis den 9. Juni an hiert Wierk zu Belval.
D’Wierk beherbergt ënner anerem een elektresche Liichtbouuewen an eng Coulée Continue. Den TMB (Train Moyen Belval) produzéiert zudeem liicht a mëttelgrouss Träger an den Train 2 ass op Palplanche spezialiséiert.
D’Kapazitéit vum Wierk ass 1 Millioun Tonnen am Joer, déi vum TMB 800’000 Tonnen an déi vum Train 2 600’000 Tonnen.
Op eiser Visite wäerte mir, begleet vun enger Ekippe Ingenieure vun ArcelorMittal, dat ganzt Wierk besichtegen an och individuell Froe beäntwert kréien. Als Ofschloss invitéiert ArcelorMittal nach an den Urban am Belval Plaza wou mer bei engem gudde Patt kënne mat hire Mataarbechter an d’Gespréich kommen.
De Programm vum Nomëtteg gesäit folgendermoossen aus:14h50 Rendez-vous virum Direktiounsgebai15h00 Begréissung an uschléissend Visite vum komplette Site18h00 Networking Event mat Patt am Urban (Belval Plaza)
Cimalux_AnnA4.indd 1 14/04/10 14:39
bulli Fréijoer 2012 23lDéi méi lëschteg Säit
Déi méi lëschteg Säit
-How many first year engineering students does it take to change a light bulb?None. That‘s a second year subject.-How many second year engineering students does it take to change a light bulb?One, but the rest of the class copies the report.-How many third year engineering students does it take to change a light bulb?„Will this question be in the final examination?“-How many civil engineers does it take to change a light bulb?Two. One to do it and one to steady the chandelier.-How many electrical engineers does it take to change a light bulb?None. They simply redefine darkness as the industry standard.-How many computer engineers does it take to change a light bulb?„Why bother? The socket will be obsolete in six months anyway.“-How many mechanical engineers does it take to change a light bulb?Five. One to decide which way the bulb ought to turn, one to calculate the force required, one to design a tool with which to turn the bulb, one to design a comfortable - but functional - hand grip, and one to use all this equipment.-How many nuclear engineers does it take to change a light bulb?Seven. One to install the new bulb and six to figure out what to do with the old one for the next 10,000 years.
A doctor, a lawyer, a vpriest and an engineer are golfing as a foursome on a beautful Sunday morning. They‘re approaching a really slow group ahead of them, and they ask the groundskeeper, „what‘s the deal?“ Turns out the group ahead of them are legally blind firefighters who saved an orphanage on Christmas. „Wow, I‘ll see if there‘s anything I can do for their quality of living“, said the doctor. „I can start a collection“, stated the
priest. „I‘m sure there are benefits and programs for them out there, I‘ll see what I can do to help,“ said the lawyer. .... They all turned and looked at the engineer, and he simply replied,“why can‘t they play at night?“
Klengt Rätsel:Wei grouss ass d‘ Fläch vun deem equilateralen Dreieck? (D‘ Zeechnung ass net moosstäblech)
D‘ Änwert gett et am nächsten Bulli